Lëtzebuergesch Versioun

MittelPunkt 2009

Save the German LARP.



D'Schluecht fängt am Januar 2009 un ...
Oberwesel, eng kleng onscheinbar Stad iergendwou an Däitschland. Hei ass LARP nach esou, wéi et soll sinn. Näischt deit dorop hinn, datt sech iwwert dësem idyllescher Dallstiedchen d'Front fir déi lescht, epesch Schluecht ëm d'Zukunft vum däitsche LARP forméiert.
Zerstéierer sti géint Bewahrer, Superhelden géint Superdrecksäck. Wiel du och deng Säit.
Fann Gläichgesënnter an huel d'Schicksal an deng Hänn. Mä opgepasst – wiel deng Géigner mat Beduecht an hal deng wierklech Identitéit geheim!
Nach schéngt alles roueg ze sinn virun de Paarte vun Oberwesel-City, mä d'Zäit vun den Entscheedungen steet virun der Dier – schléiss dech eis un a rett dat däitscht LARP ...

Well du aleng bestëmms d'Zukunft vum LARP!

Den Event
09.11.01.2009
JGH Oberwesel, Däitschland

Scho vir d'véiert Kéier soll de MittelPunkt de Participanten d'Méiglegkeet bidden, sech dräi Deeg laang mat anere LARPeren auszetauschen an nei Iddien vum Medium LARP kennenzeléieren. Nei Impulser kënnen dobäi och eis international Participanten ginn. Als Virbild fir den MittelPunkt déngt de „Knotenpunkt“ (Knudepunkt/Knutepunkt/Knutpunkt/Solmukohta), eng international Liverollespill-Konferenz, déi zanter 1997 jährlech zwëschen de nordësche Staaten Dänemark, Schweden, Norwegen a Finnland wiesselt a stattfënnt.

D'Motto an d'Inhalter
Ob Organisatioun, Plot, Regelen oder Opbau – mir wëllen d'Participanten ureegen, sech iwwert Methoden a Mechanismen auszetauschen, se ze analyséieren an zesummen gemeinsam Weeër ze erschléissen. D'Motto soll dem Event eng Rumm ginn an sech och an enger Rei vun de Programmpunkter erëmspigelen: Welch Tendenzen sinn aktuell am LARP-Beräich ze beobachten? Wéi sinn se ze beuerteelen: Ginn et „problematësch“ Entwëcklungen – kann a muss een deenen entgéintwierken?

Participanten
All LARP-Spiller, -Theoretiker, an -Organisator weltwäit ass um Mittelpunkt 2009 wëllkomm, genausou wéi all Interesséiert aus ugrenzende Beräicher!

An der Rumm vum MittelPunkt 2009 fënnt och déi jährlech Mëmberversammlung vum däitsche Liverollespil-Verband e.V. (ehemaleg Kampagne Mittellande e.V.) wéi och d'Kampagnetreffen vu Mittellande statt. Veräins- a Kampagnemëmberen kréien heifir eng extra Invitatioun.

Weider Informatiounen
Weider Informatiounen an eng Online-Umeldung fënns de op eiser Homepage op Däitsch an Englesch.


Wiel eng Sprooch w.e.g.:

Däitsch
Däitsche Versioun


Englesch
Englesche Versioun